
Am Nomëtteg kënnt de Gemengerot zesummen an den éischte Punkt um Ordre du Jour dréint ebe grad ëm déi Fro. Ma deemno wéi kënnt et awer guer net zum Vott. Et gëtt nämlech eng Motioun, an där gefuerdert gëtt, datt net iwwert deen éischte Punkt vum Ordre du jour ofgestëmmt gëtt, mee amplaz d’Bierger per Referendum no hirer Meenung gefrot ginn.
Net ganz kloer ass iwwerdeems, ob dee Referendum zäitno oder zesumme mat den anere véier Nordstadgemengen Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng-Sauer a Schieren ofgehale si ginn. An deene Gemengen ass nämlech ee Referendum fir d’Joer 2027 geplangt. Och ass net gewosst, vu wiem d’Motioun agereecht gouf - op mannst déi Versioun, déi RTL virläit, ass nämlech net ënnerschriwwen.
Enn September hat de Bettenduerfer Gemengerot mat 7 zu 4 Stëmmen dogéint gestëmmt, weider iwwert d’Nordstadfusioun ze schwätzen. Dee Vott war geheim, obwuel d’Gesetz déi Méiglechkeet bei esou engem Sujet guer net virgesäit. Den Inneminister Léon Gloden hat Ufank des Mounts am Background annoncéiert, datt hien d’Decisioun vum Bettenduerfer Gemengeconseil annuléiere géing.
Et bleift also ofzewaarden, ob e Mëttwoch ëffentlech ofgestëmmt gëtt oder ee sech fir ee Referendum decidéiert. Am Fall vun engem Vott ass spannend, ob d’Resultat nees d’selwecht ausfält. Mam Schäffen Andy Derneden hat just ee vun de Conseillere publik gemaach, wéi hien ofgestëmmt hat, an zwar mat “Nee” zu weidere Fusiounsgespréicher.