Zwielef Joer laang war hie Maréchal de la Cour, ënnert dem Grand-Duc Jean. Dono war hien awer och ënnert anerem Ambassadeur zu Moskau an zu Bréissel bei der NATO.
Vun 2004 bis 2011 war de Guy de Muyser iwwerdeems President vun der Abtei Neimënster.
Hie war de Papp vun dräi Kanner, dorënner de Jurist, Diplomat a Politiker Alain de Muyser an d’Isabelle de Muyser, déi zanter 2007 Chef vun der Logistik bei de Vereenten Natiounen ass.
Der ganzer Famill drécke mir eist déifste Bäileed aus.