Geschäftsmann, Auermécher a BijoutierDe Jacques Molitor ass gestuerwen

Claude Zeimetz
De Stater Geschäftsmann, Auermécher a Bijoutier ass de 27. Februar schonn am Alter vun 92 Joer gestuerwen.
© RTL Archiv

De Jacques Molitor huet bis an den héijen Alter a sengem Geschäft mam selwechten Numm an der Stad geschafft, säi Beruff richteg gelieft. Iwwer 50 Joer stoung de Geschäftsmann hannert der Théik am Traditiounsgeschäft an der Alstad, dat op d’Joer 1867 zeréckgeet.

De Jacques Molitor am RTL-Interview aus dem Joer 2011

De Jacques Molitor huet et 1955 iwwerholl. An engem Interview fir d’Emissioun “Background am Gespréich” am Joer 2011 huet hien erzielt, bis dohinner mat 79 Joer ni un d’Pensioun geduecht ze hunn.

Back to Top
CIM LOGO