Äntwert op parlamentaresch FroDe Kielener Contournement léisst nach op sech waarden

RTL Lëtzebuerg
Am nationale Mobilitéitsplang fir 2035 wier eng Entlaaschtungsstrooss virgesinn, mee bis elo wier een nach ëmmer um Niveau vun den Etüden.
© RTL-Archiv

De Kielener Contournement ass net fir haut a muer. Wéi d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der Adr schreift, wier dem Ministère d’Problematik vun der héijer Verkéiersbelaaschtung, besonnesch duerch déi enk Kéieren an der Uertschaft, bekannt.

Den Ament studéiert de Mobilitéitsministère déi verschidde Constellatioune vun engem sougenannte Proximitéitscontournement. Dobäi soll opgepasst ginn, datt déi nei Strooss keen zousätzleche Verkéier provozéiert. D’Kielener Gemeng géif hirersäits un eegene Verkéiersberouegunge schaffen.

Eng Ausso, wéini en definitive Projet kéint op de Wee bruecht ginn, sou wéi de Fred Keup dat gefrot hat, mécht d’Yuriko Backes net. Dat géif dovunner ofhänken, wat bei den Etuden erauskënnt, wéi een Impakt de Verlaf vun der Strooss op d’Ëmwelt huet. Am Hierscht soll eng Reunioun mat der Gemeng Kielen sinn, fir doriwwer ze schwätzen.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro

Back to Top
CIM LOGO