
Aus dëse geet ervir, datt den Emploi tëscht Abrëll a Juni mat engem Plus vun 0,2 % géintiwwer dem Trimester virdru stagnéiert huet. Op ee Joer gekuckt, gouf et eng Hausse vu bal engem Prozent. Am Commerce, dem Transportsecteur, dem Hebergement an an der Restauratioun hunn d’Aktivitéiten ugezunn, grad ewéi am ëffentlechen Déngscht. Déi meescht Aarbechtsplaze verluer gaange sinn dogéint am Bau.
D’Zuel vun de belschen an däitsche Frontalieren ass am zweeten Trimester 2024 erofgaangen. Duerfir sinn awer méi franséisch Grenzgänger op Lëtzebuerg schaffe komm.