
Mat ronn 840 Mataarbechter a bal 500 Fuerschungsprojeten am leschte Joer ass de LIST, de Luxembourg Institute of Science and Technology, ee vun de wichtege Fuerschungsacteuren zu Lëtzebuerg. En Donneschdeg de Moien huet d’Fuerschungsinstitut seng aktuell Zuele presentéiert an dobäi och seng Pläng bis 2030 virgestallt. Et goung virun allem drëm, wouhi sech d’Institut entwéckelt a wéi eng Roll de LIST an Zukunft, national an international, spille wëll.
D’Zuele, déi vum Eurostat publizéiert goufen, weisen, datt Lëtzebuerg besonnesch am Beräich vun der wëssenschaftlecher a technologescher Produktivitéit zu de féierende Länner an Europa zielt, nach viru Länner wéi Däitschland oder Frankräich. De LIST beschäftegt ronn 840 Mataarbechter a war hiren Zuele vun zejoert no un iwwer 475 nationalen an internationale Fuerschungsprojete bedeelegt.
Den Olivier Guillon, zanter September neien Direkter vum LIST, ass a senger Ried ënner anerem op Partnerschaften an aktuell Fuerschungsprojeten agaangen.
“Nous avons, par exemple, un partenariat stratégique avec Goodyear, pour une mobilité plus durable connectée, qui comprend plus de 30 projets sur 6 ans. Également Arcelor Mittal, pour décarboner l’industrie sidérurgique. Je pense également à des grands projets, qui sont en cours de développement pour l’utilisation de l’intelligence artificielle, pour la déployer dans différents secteurs.”
Mat der Strategie CAP 2030 wëll de LIST seng Fuerschung thematesch nei opstellen. Amplaz no klassesche Fachdisziplinnen ze schaffen, orientéiert sech d’Institutioun u konkrete gesellschaftlechen an technologeschen Erausfuerderungen. Am Beräich vun der Ëmwelt steet de Schutz vun Natur, Klima a Ressourcen am Mëttelpunkt. D’Fuerschung am bebauten Terrain konzentréiert sech op nohalteg Stied, intelligent Gebaier an ëmweltfrëndlech Mobilitéit. Am Industrieberäich geet et drëm, d’Produktioun méi energieeffizient an nohalteg ze gestalten.
“Ainsi que d’étudier des axes, de développer des axes transversaux, stratégiques, pour la souveraineté nationale, que sont le spatial, l‘intelligence artificielle et la sécurité défense.”
A senger Ried huet den Direkter och d’Bedeitung vun Transparenz a Kommunikatioun ënnerstrach. Fuerschung, déi gréisstendeels aus ëffentleche Mëttele finanzéiert gëtt, misst hir Ziler a Resultater fir d’Bevëlkerung verständlech maachen, fir d’Vertrauen an d’Wëssenschaft laangfristeg ze stäerken.