
An engem Facebook-Post hat den Tom Weidig op Basis vun engem Interview mat der CCDH-Presidentin, d’Noémie Sadler, als “e Feind vu richteger Meenungsfräiheet an direkter Demokratie” bezeechent.
Et goung an deem Interview ënner anerem ëm d’Petitioun, déi e Verbuet vun LGBTIQ-Contenuen an de Léierpläng fuerdert, an déi der Madamm Sadler no an där Form net hätt dierfte vun der Petitiounskommissioun acceptéiert ginn.
D’CCDH ass an den Ae vum ADR-Deputéierten en “net-gewielte kloer lénksideologesch besate” Gruppement, deen “net gebraucht gëtt”.
De Luc Frieden deelt “nullement” dës Aussoe vum Deputéierten Weidig a seet, datt d’konsultativ Mënscherechtskommissioun en Ecksteen vun der Defense vu Valeure wéi mënschlech Dignitéit an fundamental Fräiheete wier.
Duerfir géif och e Gesetzesprojet deposéiert ginn, dee virgesäit, d’CCDH un d’Chamber ze rattachéieren. D’Froen iwwert d’kontroverséiert Aussoe vum ADR-Deputéierten hat déi gréng Deputéiert Sam Tanson un de Premier gestallt.
