Europäesche Geriichtshaff fir MënscherechterDe Maître André Lutgen krut Recht

Pit Everling
Den europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter huet eng aner Vue wéi déi zoustänneg Lëtzebuerger Juridiktiounen, déi den Affekot verurteelt haten.

Dat deelt de Maître François Prum mat, dee säi Confrère Lutgen an dësem Dossier mat vertrueden hat.

En Untersuchungsriichter hat virum Stater Bezierksgeriicht géint den Affekot André Lutgen geklot mam Argument, den André Lutgen hätt an enger Affär ronderëm en déidlechen Aarbechtsaccident Drock gemaach a sech inadequat verhalen.

Zu Lëtzebuerg gouf de Maître wéinst “Outrage à magistrat” zu enger penaler Strof verurteelt. D’Riichter zu Stroossbuerg gesinn dat anescht a beruffe sech ënner anerem op déi fräi Meenungs-Äusserung vun engem Affekot.

D’Affär war vu ville Säiten als Zort Muechtkampf tëschent Magistraten an Affekoten ugesi ginn.

Back to Top
CIM LOGO