Hesper GemengeconseillerDe Mathis Godefroid trëtt aus der Piratepartei aus

RTL Lëtzebuerg
Den Hesper Gemengeconseiller Mathis Godefroid ass net méi Member vun der Piratepartei.
© RTL Archiv

Dat deelt de Politiker e Méindegmoien an engem Schreiwes mat.

Wéi et doran heescht, wier dësem Schratt eng laang Phas vun der Reflexioun virausgaangen. Hie wier an den Hesper Gemengerot gewielt ginn, fir de Biergerinnen a Bierger ze déngen. Ma dat wier ënnert de momentanen Ëmstänn bannent der Piratepartei net méi méiglech.

D’Affär MALT hätt net nëmme bei de Bierger, mä och beim Mathis Godefroid fir e Vertrauensverloscht an d’Piratepartei gesuergt, deen irreversibel wier.

Hie wéilt weider no beschtem Wëssen a Gewëssen am Sënn vun den Hesper Bierger schaffen, sou nach de Mathis Godefroid.

Back to Top
CIM LOGO