LSAPDe Maurice Schwarz ersetzt d'Anne Becker am Gemengerot zu Monnerech
Wéi d'LSAP an engem Schreiwes matdeelt, kënnt et zu Monnerech am Gemengerot zu engem Wiessel.
Verëffentlecht: 16.10.24 10:05, Update: 11.12.25 16:36
D'Anne Becker huet aus berufflechen a perséinleche Grënn am Gemengerot demissionéiert. Ersat gëtt si vum 27 Joer jonke Maurice Schwarz, dee bei de Sozialisten den Nächstgewielten op der Lëscht war an och President vun der LSAP-Monnerech ass.
PDF: D'Schreiwes vun der LSAP