Den CSV-Deputéierte Michel Wolter huet e Mëttwoch offiziell säi Mandat als Buergermeeschter néiergeluecht a war dofir en Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Firwat dësen Zäitpunkt? Dorop äntwert de Politiker, dass et elo de richtegen Ament wier, fir eng nei Ekipp. Hien an den CSV-Schäffe Frank Pirrotte hätten dës Propos un de Kommitee gemaach, well ee gären enger neier Generatioun d'Méiglechkeet géing ginn, sech fir déi nächst Walen opzebauen an ee Re-Nouveau kënnen unzegoen.
Nei Buergermeeschtesch vu Käerjeng gëtt d'Nummer 4 op der CSV-Lëscht Nadine Braconnier, d'Fra vum demissionäre Buergermeeschter Wolter. Dass dat skeptesch gesi gëtt an dass Leit vu Vetternwirtschaft schwätzen, wier him bewosst. Mä et wier falsch, wa gesot gëtt, dass dat alles scho virun de Walen esou ausgemaach wär. Et wier just méiglech ginn op Grond vum Wal-Resultat. Si hätt gutt Viraussetzunge fir de Posten z'iwwerhuelen. Si wier Gemengesekretärin vu Beruff, Presidentin vun der Finanzkommissioun vun der Gemeng an "hatt ass e Meedchen aus der Gemeng."
Hie selwer hätt d'Gefill, dass hien alles erreecht hätt, wat e sech fir Käerjeng virgeholl hat, sou de Michel Wolter. Konzepter, déi hien als Innen- a Landesplanungsminister geléiert an ausgeschafft hätt, hätt hien duerno op Gemengenniveau kënnen ëmsetzen. Aus enger Duerchgangsgemeng hätt een eng Gemeng geschaaft, déi richteg liewenswäert ass. Käerjeng wier haut net méi dat selwecht wéi viru 15 Joer. Op de Contournement géing een nach ëmmer waarden, mä do wier hien nach e Méindeg an enger leschter Reunioun gewiescht, wou een iwwer d'Gesamtverkéierssituatioun am Kordall diskutéiert. Véier Gemenge géingen zesumme mam Staat u Léisunge schaffen. Siwe bis aacht Stroosseprojeten, Zuch, Bus a Vëlo, et géing een e Gesamtkonzept ausschaffen, fir de Verkéierschaos, deen ee moies huet, ze léisen.
Ob hien nach emol wäert fir d’CSV mat an d'Chamberwale goen, déi Decisioun wäert de Michel Wolter dat nächst Joer treffen. Hie géing kucken, wéi sech d'Politik a seng perséinlech Situatioun géing weiderentwéckelen. "Mir mécht d'Politik weider Spaass. Also do däerf ee mech net ënnerschätzen. Ech si säit 41 Joer dobäi." Hien hätt eng Meenung zu ville Sujeten a géing sech och net hannert de Wand halen, fir déi ze soen. Notamment punkto Sozialdialog, dee jo aktuell ferm an der Sakgaass stécht, fënnt hie kloer Wierder. "Ech hunn dat nach net matgemaach an där Aart a Weis. Ech muss och soen, pardon den Ausdrock, ech hunn eigentlech d'Impressioun, wéi wa mer an der Spillschoul entretemps gelant wären." Dass eenzel Sozialpartner decidéieren, net méi mat hirem responsabele Minister ze schwätzen, mä just nach mam Premier, sou eppes hätt hien nach net erlieft. Dës Kritik geet an d'Richtung vun der OGBL-Presidentin Nora Back.
De Grand-Duché hätt aktuell e grousse Problem vu Kompetitivitéit. D'Betriber géingen am internationale Verglach staark ofhuelen. Mir géingen als Land aktuell just nach vun der Finanzplaz liewen. An dofir wier hie beim Jean-Claude Juncker, fir ze soen, dass et endlech eng Tripartite bräicht, "well mer eng generell Kris eigentlech hunn, déi muss bewältegt ginn." Mä dofir bräicht et e gemeinsame Constat, dass ee sech eens ass, wat et ze bewältege gëtt. A wat him géing e bësse feelen, wier de Geescht, dass een eng Natioun ass an dass een d'Land zesummen no vir bréngt. "Mir sinn amgaangen an eng total egoistesch Gesellschaft eranzegoen, wou d'Leit just nach no sech selwer kucken an no hirem Ego kucken." Et wier elo Zäit, den Ego op d'Säit ze leeën.
Mat esou enger klorer Meenung, firwat huet sech de Michel Wolter net als CSV-Fraktiounschef gemellt oder eng Géigekandidatur zum Luc Frieden als Parteipresident gestallt? "Well een an der CSV net géint de Staatsminister kandidéiert," sou de Michel Wolter. Hie wier der Meenung, dass et net gutt wier, dass de Luc Frieden Parteipresident bleift, "well ech mengen, dass de Staatsminister an de Parteipresident zwou verschidde Funktioune sinn. An duerch de Fait, dass dat an enger Persoun vereent ass, eis Partei eigentlech eng Stëmm verléiert". Mä et géing ee sech net géint de Staatsminister opstellen. Dat géing e Broch bannent der Partei provozéieren an dat wier net déi Aart a Weis, wéi hie géing Politik maachen, sou den CSV-Deputéierte Michel Wolter.
En Donneschdeg de Moie war d'Politik zu Käerjeng Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.