No 45 Joer bei der Sécurité RoutièreDe Paul Hammelmann demissionéiert d'nächst Joer als President

RTL Lëtzebuerg
Dat gouf um Dënschdeg um Iesse fir d'Press annoncéiert. Wien d'Nofolleg iwwerhëlt, ass nach net gewosst.
No 45 Joer bei der Sécurité Routière: De Paul Hammelmann demissionéiert 2025
Dat gouf um Dënschdeg um Iesse fir d’Press annoncéiert. Wien d’Nofolleg iwwerhëlt, ass nach net gewosst.

A sengem leschte Joer wëll de Paul Hammelmann bei der Sécurité Routière virun allem déi sougenannt Vision Zéro viru bréngen. Also null Doudesaffer an null schwéier Blesséierter am Stroosseverkéier. Dat soll engersäits mat enger genereller 30-Zon an den Uertschaften ëmgesat ginn. 50 Kilometer pro Stonn soll bannent den Dierfer a Stied eng Ausnam sinn, betount de Paul Hammelmann.

Effektiv ass iwwer d’Hallschent vun den am Ganzen 312 schwéieren Accidenter zejoert an enger Uertschaft geschitt. Bei den déidlechen Accidenter ass et bal en Drëttel. D’Zuel vun de Cyclisten a Foussgänger, déi zejoert déidlech oder schwéier blesséiert gi sinn, ass an de leschte Joer nees geklommen. D’Sécurité Routière géing d’Fuerderunge vun den ënnerschiddlechen Initiativen, déi sech fir méi sécher Vëlospisten asetzen, duerchaus ënnerstëtzen.

Anerersäits soll d’Infrastruktur fir d’Vëlosfuerer verbessert ginn. Virun allem sollen d’Vëlospiste koherent sinn, esou dass d’Cyclisten net op geféierlech Optioune mussen zougräifen, well d’Pist net méi weidergeet. Zu der politescher Volontéit fir d’Vision Zéro ëmzesetzen, konnt d’Sécurité Routière wéinst dem Regierungswiessel vun zejoert nach net vill soen. Ma de President Paul Hammelmann huet sech optimistesch gewisen

Back to Top
CIM LOGO