Zeremonie an der KathedralDe Poopst Franziskus rifft Lëtzebuerg zur Oppenheet op

Marc Hoscheid
Monique Kater
Et war den Héichpunkt vun der Visitt vum Poopst Franziskus en Donneschdeg zu Lëtzebuerg: D'Renconter mat der kathoulescher Communautéit.
De Poopst an der Kathedral
De Bistum huet zu Eiere vum Poopst 160.000 Euro u Spenden kritt.

D’Zeremonie an der Kathedral - Reportage Marc Hoscheid

Eng gutt Stonn huet sech de Poopst mat de Gleewegen ausgetosch. Datt de Poopst François keng klassesch Mass gefeiert huet, dat konnt ee schonn um musikalesche Kader mierken. Mat Gittare goufen d’Stécker deels opgelackert. Zu enger méi labberer Ambiance huet och d’Danz-Einlag Laudato si vun engem Grupp Jonker bäigedroen. Dobäi hu si d’Liewe vum Hellege Franziskus vun Assisi nogestallt.

No deem huet de Poopst sech nämlech benannt, well et ee Mann vun der Aarmut, vum Fridden a vum Erhalt vun der Schëpfung wier. Ma et hu sech och Membere vun der kathoulescher Communautéit direkt un de Poopst adresséiert. Zum Beispill den Diogo Gomes Costa, dee vu sengen Impressioune vum Weltjugenddag d’lescht Joer zu Lissabon erzielt huet: “Je garde spécialement des images des deux dernières journéees dans ma mémoire et dans mon coeur. Il s’agit tout d’abord du moment euphorique sur le Campo da Graça avec le coucher du soleil lors de votre arrivée attendue et ensuite le lever du soleil du lendemain en nous réveillant les uns à côté des autres.”

A senger Usprooch huet de Kardinol Jean-Claude Hollerich iwwert déi net ganz einfach Situatioun vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg geschwat: “L’église à Luxembourg évoulue dans une société fortement sécularisée. Avec ses souffrances et ses difficultés, mais aussi avec ses chemins d’espérance. Nous voulons nous engager sur un chemin de renouveau, en suivant les signes que dieu a mis sur notre route.”

De Poopst, deem säin Discours vum Italieeneschen an d’Franséischt iwwersat gouf, huet sengersäits d’Begrëffer Déngscht, Missioun a Freed an de Mëttelpunkt gestallt. Mat Bléck op den Déngscht war et den Appell un d’Lëtzebuerger, sech weider dofir anzesetzen, datt de Grand-Duché een oppent Land bleift: “Oui, l’esprit de l’évangile est un esprit d’accueil, d’ouverture à tous et il n’admet aucun type d’exclusion. Je vous encourage donc à rester fidèle à cet héritage, en continuant à faire de votre pays une maison d’amitié pour tous ceux qui frappent à votre porte, en demandant aide et hospitalité.”

De Poopst an der Kathedral
De Bistum huet zu Eiere vum Poopst 160.000 Euro u Spenden kritt.

Zum Schluss vun der Renconter krut de Poopst iwwerdeems als Cadeau Spendegelder an Héicht vun 176.000 Euro fir seng Fondatioun, déi Leit an Nout hëlleft. Ma de Pontifex huet d’Suen awer direkt nees un d’Lëtzebuerger Kierch zeréckginn, fir datt een aarm Leit a Flüchtlingen hei am Land ënnerstëtze soll.

Nieft de ronn 500 Éieregäscht, dorënner ënnert anerem déi groussherzoglech Famill an eng Partie Vertrieder vun der Chamber an der Regierung, waren awer och vill “normal” Leit bei der Zeremonie dobäi. Fir déi ronn 650 Plazen, déi fir de Grand public reservéiert waren, hate sech méi wéi 10.000 Leit gemellt. Dowéinst gouf um Enn ausgeloust, wien dobäi sinn duerf. Eng vun deene Gléckleche war d’Caroline Schiltz, déi hir Andréck esou beschreift: “Ech muss soen et war impressionant, ech hat mer et net sou erwaart. Mir si leider just an d’Zelt erakomm, net an d’Kathedral selwer, well déi war scho voll dee Moment wou mer ukomm sinn. Mee do huet een och ganz gutt gesinn an et krut een d’Ambiance awer mat, well de Poopst ass hannenno laanscht komm, och duerch d’Zelt. An dat heescht hien huet do och jidderengem Moie gesot an eis d’Hand ginn a sou. Also et war impressionant, dat muss ech soen.”

No der Zeremonie goung et du fir de Poopst Franziskus op de Findel, vu wou aus hien an d’Belsch weidergeflunn ass. Elo dierft et rëm eng gutt Zäitchen daueren, bis ee Pontifex nees de Wee an de Grand-Duché fënnt. Vläicht jo awer net grad rëm 39 Joer.

Back to Top
CIM LOGO