Peta iwwer Protest"De Poopst hätt solle lues maachen an eisen Aktivistinnen nolauschteren"

RTL Lëtzebuerg
Nodeems 3 Aktivistinnen iwwer d'Gelänner gespronge waren, ass de Papamobil vill méi séier weidergefuer. Mir hu mat der Déiereschutzorganisatioun geschwat.
Opname vum Moment, wéi d'Aktivistinnen op d'Strooss gestiermt sinn
De Virfall ass wärend dem Trajet vum Papamobil an der Stad geschitt, d’Opname sinn nach eemol aus engem anere Wénkel.

Dir erënnert Iech: Wéi de Poopst François d’lescht Woch en Donneschdeg mam Papamobil vun der Uewerstad Richtung Rousegäertchen gefuer ass, sinn op der Neier Bréck op eemol dräi Aktivistinne vun der Déiereschutzorganisatioun Peta iwwer d’Gelänner gesprongen, fir de Konvoi vum Poopst ze blockéieren. D’Police huet direkt reagéiert an déi dräi Persounen iwwerwältegt, mee den Trajet vum Chef vun der kathoulescher Kierch war gestéiert a Peta hat déi gewënschten Opmierksamkeet mat hirer Aktioun kritt.

D’Leit nieft dem Parcours an och déi virum Fernsee respektiv beim Livestream haten dogéint den Androck, wéi wann de Chauffer vum Papamobil nom Incident op de Gas gedréckt hätt. D’Security-Leit nieft dem Gefier hu missen d’Been an de Grapp huelen, fir mam Tempo Schrëtt ze halen ... an d’Leit, déi vläicht gehofft haten, de Poopst live an a Rou ze genéissen, hu sech musse mat engem kuerze Bléck zefridde ginn.

Méi séier wéinst Protest?

RTL géintiwwer wollt weeder déi Lëtzebuerger Police nach den Inneministère confirméieren, datt et e kausalen Zesummenhang tëscht der Protestaktioun an der Vitess-Acceleratioun gouf, mee eng ganz Partei Leit haten dee Verdacht awer direkt. (Eng Nofro beim Vatikan selwer ass aktuell nach ouni Äntwert.)

RTL huet och Peta domat konfrontéiert, datt e sëllege Leit d’Déiereschutzorganisatioun dofir verantwortlech maachen, datt de Poopst esou séier laanscht se gehuscht ass. D’Äntwert ass ganz peta-like: “Wat wierklech enttäuschend ass, dat ass, datt de Poopst net méi lues gefuer ass, fir sech de Begier vun den Aktivistinnen unzehéieren. Si hu Seng Hellegkeet jo ugebiedelt, baarmhäerzeg mam Gott senger Schëpfung ëmzegoen an der Complicitéit vun der Kierch mat der Folter vun de Stéieren en Enn ze setzen.”

“Barbarei”, “onhelleg”

An hirer Äntwert hëlt Peta wäit aus a profitéiert dovun, déi eegen Iwwerzeegung nach eemol ze ënnersträichen: “Wann d’Stéieren nëmmen déi puer Momenter géife leiden, déi dem Poopst néideg gewiescht wieren, fir deenen, déi protestéiert hunn, nozelauschteren, da wier de Stéierkampf zwar nach ëmmer eng eekleg Industrie – mee dës sensibel Déiere ginn e puer Mol gepickt a stierwen e laangen Doud voller Péng, bis se am eegene Blutt erstécken.” An der Konsequenz rifft d’Organisatioun all Katholik op, déi Barbarei ze verurteelen.

Well de Poopst de Stéierkampf net verurteelt: Um Pont Adolphe wollten 3 Aktivistinne vu Peta de Papamobil blockéieren.
Well de Poopst de Stéierkampf net verurteelt: Um Pont Adolphe wollten 3 Aktivistinne vu Peta de Papamobil blockéieren.
© Peta

Op d’Reaktioun nom Protest ugeschwat, mengt Peta, datt “daper Aktivistinne mat Gewalt op de Buedem” gehäit gi wieren, just well se sech fir dat agesat hätten, “wat richteg ass”. Vill Chrëschte géifen net wëssen, esou Peta weider, datt d’Kierch e Lien zum Steierkampf hätt. Dofir: “Peta ass eréischt dann zefridden, wann de Poopst Franziskus de Stéierkampf endlech als Affront géint Gott kritiséiert an dee penibele Lien vun der Kierch zu dësem onhellege Spektakel brécht.”

Owes scho rëm op fräiem Fouss

Peta huet scho méi dacks am Kader vun Optrëtter vum Poopst demonstréiert a behaapt dann och RTL vis-à-vis, datt ee vill positive Feedback vun der kathoulescher Communautéit krit.

Allerdéngs hätt de Protest zu Lëtzebuerg och negativ Konsequenze gehat: D’Aktivistinne wiere blesséiert ginn, wéi se op de Buedem gehäit gi sinn, eng wier souguer iwwer eng Mauer gepucht ginn. Mee alles dat, esou de Peta-Statement, wier natierlech näischt am Verglach zu deem, wat d’Stéieren an den Arenae missten erleiden, esou d’Jennifer White vu Peta UK, där Ënnerorganisatioun, déi fir de Protest am Grand-Duché responsabel war, och wann de Communiqué dono vu Peta Däitschland verschéckt gouf.

D’Demonstratinnen hätten Handschellen ugedoe kritt, wiere verhaft ginn an owes nees fräigelooss ginn, esou d’Jennifer White weider. Dat confirméiert op Nofro och d’Lëtzebuerger Police: Déi dräi Persoune goufe mat op de Policebüro geholl an do am Kader vum Artikel 14 vum Policegesetz festgehalen – also eng “Détention administrative”. Géint 18.15 Auer konnte si de Policebüro scho rëm verloossen. D’Police huet e Rapport geschriwwen an deen un de Ministère an un d’Buergermeeschtesch weiderginn.

Back to Top
CIM LOGO