
Wann et ëm d’Kritik vun der Poopst-Visitt geet, kënnt ee ganz séier bei der Trennung vu Kierch a Stad zu Lëtzebuerg un, enger Konventioun, déi jo bekanntlech am Januar 2015 ënnerzeechent gouf. Dëst ass jo eng vun den éischten, an dierft wuel och mat déi gréisste gesellschaftlech Ännerunge vun der blo-rout-grénger Regierung fir Lëtzebuerger gewiescht sinn. Op alle Fall an der éischter Legislaturperiod.
A grad dowéinst wier esou e Besuch vum Poopst a wéi en ëmgesat gëtt, “e Réckschrëtt par rapport zu der Symbolik” vun dëse Konventioun, déi elo all déi Zäit etabléiert war. “Wat ass de But vun dëser Visitt, vun dëser Invitatioun”, freet sech de Bob Reuter, de President vun AHA*. “Ass dat e politesche But, ass dat e reliéise But? Dat ass alles net gekläert”.
Dëst géif d’Dier grouss oprappe fir Spekulatiounen iwwert dat wierklecht Zil vun dëser Visitt. Hei kéint ee souguer souwäit goen a sech d’Fro stellen, ob dëst eventuell e liichte Versuch wier, d’Trennung vu Kierch a Staat nees wëlle réckgängeg ze maachen, sou de Bob Reuter weider. D’Liberté de conscience nennt et d’Fro vun enger méiglecher “hidden Agenda”, fir d’Trennung opzeweechen a mat der Zuel u Visiteuren, déi da warscheinlech als Gleeweger duergestallt géife ginn, z’imponéieren.
Aus dem Gespréich mat béide Presidente war awer kloer erauszehéieren, dass een an a fir sech näischt géint eng bilateral Visitt tëscht dem Äerzbëschof, respektiv dem Haff an dem Poopst hätt. Och d’AHA selwer empfänkt am Summer 2025 beispillsweis eng 100 international Representante vun humanisteschen Organisatiounen a wäert och d’Generalversammlung organiséieren. Ma dat géif awer alles d’AHA selwer organiséieren a finanzéieren. Et wier ee kloer fir d’Reliounsfräiheet an dass Persounen, déi hire Glawen ausliewen wëllen, hire Leader och treffe sollen, sou de Bob Reuter. Ma et wier de Kader, an deem dat Ganzt géif oflafen an d’Implikatioun vum Lëtzebuerger Staat, un deem sech béid Associatioune stéieren.
De Poopst wier, sou de Jean-Jacques Ruppert, President vu Liberté de conscience, sichtlech zynesch, e “Monarque absolu de droit divin” a wann de Grand-Duc wéilt, dass de Poopst bei hien op Besuch kënnt, “da soll en e w.e.g. bei sech um Schlass empfänken”. Dass fir esou eng Visitt “Alles op d’Kopp gehäit” gëtt, kann dësen net novollzéien. Hie geet och net dovunner aus, dass den CSV-Premier Luc Frieden vun dësem Deroulement begeeschtert ass.
Déi allermeeschte Staaten op der Welt hätten dann och a sech keng wierklech Relatioun mam Vatikan als “Staat”, iwwert dat een dem Jean-Jacques Ruppert no och nach kéint diskutéieren, mee mam “Hellege Stull”, wat nach méi kloer géif ënnersträichen, dass et sech hei net ëm e Staatsbesuch, ma ëm eng reng perséinlech Visitt tëscht dem groussherzoglechen Haff an dem Poopst géif dréien a betount nach eemol kloer: “Ech bleiwen dobäi, wann de Groussherzog Henri onbedéngt Wäert drop leet, fir de Poopst bei sech z’empfänken, da soll hien dat maachen an eis mat Rou loossen”.
Dass da wierklech just “Gleeweger” de Poopst en Donneschdeg wéilte kucke goen, bezweifelt een dann och staark bei den humanistesche Verbänn. De Lëtzebuerger Äerzbëschof Jean-Claude Hollerech hat jo an engem Video op de soziale Medie selwer vu “Mënsche” geschwat, déi de Poopst géife besiche kommen, net “Katholicken” oder “Gleeweger”. Et wier de “Virwëtz” deen d’Leit géif an d’Stad dreiwen, änlech wéi wann de King Charles géif op Lëtzebuerg kommen. “Et ass eng Show, Punkt Schluss. En hält jo och keng Mass”, bemierkt de Jean-Jacques Ruppert.
Och d’AHA ass enger änlecher Meenung an zwar, dass et hei net ëm d’Begéinung vun engem reliéisen oder spirituelle Leader géif goen, mä vill méi dorëms “dobäi gewiescht ze sinn”. Neit Material fir den nächste kulteschen Tik Tok-Post ze kreéieren, souzesoen. Dëst wier net verwerflech, géif dem Event awer seng Seriositéit huelen.
*AHA Lëtzebuerg, steet fir d’Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker.
Poopst zu Lëtzebuerg: AHA stellt Froen iwwert ënnert anerem de Finanzement vun där Visitt