Observatoire de l'habitatDe Präisindex spigelt d'Immobiliëpräisser net komplett erëm

RTL Lëtzebuerg
Den Observatoire de l'habitat huet an enger neier Nott eng éischte Kéier all d'Immobilientransaktiounen an de Joren 2007 bis 2023 ënnert d'Lupp geholl.

Et geet ëm alles an allem 243.566 Akte mat engem Gesamtvolume vu bal 115 Milliarden Euro. Ma dës géifen net alleguer an de Präisindex vum Observatoire de l’habitat a Statec mat afléissen.

Ënnert anerem wieren Transaktioune vu Büroen a Commercen net couvréiert, well de Präisindex vun den Logementer sech nëmme fir déi residentiell Immobilien interesséiert. Och Terraine sinn net am Präisindex mat dran. De Präissindex couvréiert awer d’Appartementer, souwuel déi, déi existéieren, wéi och déi, déi an der Konstruktioun sinn, déi sougenannte VEFA (ventes en état futur d’achèvement) an déi existent Haiser. De Präisindex couvréiert also 63% vun all den Transaktiounen a 70% vum Volume financier

D’Detailer kënnt Dir am Schreiwes vum Observatoire de l’habitat noliesen.

Back to Top
CIM LOGO