Um MäertchenDe Premier hat säin traditionelle Rendez-vous mat der Press, awer ouni Fësch

Jean-Marc Sturm
Agefouert gouf dat labbert Gespréich tëscht Premier a Press vum Gaston Thorn. Dëst Joer ass et dann eng éischte Kéier um Premier Luc Frieden gewiescht.
Um Mäertchen - De Premier hat säin traditionelle Rendezvous mat der Press
Agefouert gouf dat labbert Gespréich tëscht Premier a Press vum Gaston Thorn. Dëst Joer ass et dann eng éischte Kéier um Premier Luc Frieden gewiescht.

De Fësch um Mäertche mam Premier, dem Kommunikatiounsservice vun der Regierung an enger Rei Ministeren... eng al Traditioun heiheem. Dëse Freideg hat de Luc Frieden als Premier do Première.

Mam Premier um Mäertchen

Ugefaangen hat dës Zort labbert Gespréich tëscht dem Premier an der Press awer net an enger Iessbud um Mäertchen, mä bei engem méi oder manner private Kamäingespréich an der Zäit vum Gaston Thorn, dem, ze soen, éischte moderne Lëtzebuerger Premier.

Den elo schonn traditionelle Fësch um Mäertche gouf mam joviaalste Premier agefouert, deen d’Land bis elo wuel hat, an dat war “ewell” de Jacques Santer an den 80er Joren. Deemools huet sech de Premier selwer nach op ee richtege Fësch gefreet.

© Arnaud Serexhe

Net frou waren deemools dogéint jonk Journalisten, déi net vun hirem Chef op de Mäertche geschéckt goufen, mä déi freides mëttes hu missen op de Pressebriefing nom Regierungsrot, an eben nom Fësch. Ee Rendez-vous, dee Villen als eng déck Stonn mam Geroch vu Fësch a Frittefett an Erënnerung bleift.

Beim Jean-Claude Juncker war et zwar nach ëmmer de Rendez-vous um Mäertchen, mä den Här Juncker hat de Fësch net gär. Hien huet léiwer Thüringer oder och emol Schnitzel bestallt. Och d’Saach mam Geroch war “passé”, well et an de Bude Ventilatioun a Klimaanlag gouf.

Ee Premier Bettel huet, mat Exceptioun vu Corona, un der Traditioun festgehalen. Jovialitéit war bei him wéi gewosst ni ee Problem, dobäi kënnt seng onbändeg Loscht op Fritten.

An elo ass de Luc Frieden op deem Highlight vum Joer an domadder als richtege Lëtzebuerger Premier ukomm. Ee Fësch mat de Vertrieder vun der Lëtzebuerger Press. Quitt, dass et bei him e Freideg de Mëtteg ee Burger war.

Back to Top
CIM LOGO