Point-Presse um MëttwochDe Premier Luc Frieden huet dem Donald Trump fir säi Succès gratuléiert

RTL Lëtzebuerg
Bei engem kuerze Statement virun der Press huet hien nach eng Kéier betount, wéi wichteg déi transatlantesch Relatioune sinn.
De Premier Luc Frieden huet dem Donald Trump fir säi Succès gratuléiert
Bei engem kuerze Statement virun der Press huet hien nach eng Kéier betount, wéi wichteg déi transatlantesch Relatioune sinn.

D’amerikanesch Vollek hätt gewielt an decidéiert a fräien a demokratesche Walen, datt den Donald Trump soll deen nächste President vun Amerika ginn, sou de Premier. An enger Demokratie wier dat e Resultat, wat een ze respektéieren huet, d’Leit an Amerika souwéi och mir um Rescht vun der Welt a mir an Europa.

“Och wann een vläicht en anert Resultat, deen een oder deen aneren sech erhofft oder erwaart hätt, well een deem eng oder deem aneren seng Positioune besser fënnt, ass et e kloert Resultat fir den Donald Trump. An dofir géif ech hei gären am Numm vun der Lëtzebuerger Regierung, deem zukünftege President vun Amerika, dem President Trump, fir säi Resultat felicitéieren.”

Fir eis wier Amerika en extreem wichtegt Land. Duerfir wier et och normal, datt een zu den amerikanesche Wale vläicht méi wéi zu anere Walen an der Welt Stellung hëlt. Amerika wier fir d’ éischt emol e ganz wichtege bilateralen Partner vu Lëtzebuerg. Baséiert op eiser Geschicht am Éischte Weltkrich, am Zweete Weltkrich.

“Mir wëssen all, wat mir den Amerikaner ze verdanken hunn, wéi se eis vun Nazidäitschland befreit hunn. Mir wëssen och, wat fir eng Roll Amerika spillt an eisen ekonomeschen Relatiounen, wat fir eng Roll Amerika spillt a Froe vun eiser kollektiver Sécherheet. Ekonomesch gesinn ass Amerika eise wichtegsten Handelspartner ausserhalb vun der Europäescher Unioun.”

De Luc Frieden invitéiert de President Trump, Europa net ze vergiessen. Amerika bräicht Europa an Europa bräicht Amerika, dat op ville globale Froe sief dat de Kampf géint de Klimawandel, sief dat den Asaz fir Demokratie an der Welt, sief dat Froe vu Sécherheet, sief dat Froe vun artificieller Intelligenz.

“Fir mech als Lëtzebuerger Regierungschef a fir d’ Lëtzebuerger Regierung ass et awer wichteg, datt esou Relatiounen am géigesäitege Respekt stattfannen, ouni datt mir domadder eis Grondwäerter, eis Grondprinzippien opginn. A fir déi Prinzippien, fir déi Wäerter, fir déi mir gewielt gi sinn, wäerte mir eis an engem respektvollen a konstruktiven Dialog mam President Trump och asetzen.”

De Luc Frieden am RTL-Interview iwwer d’US-Walen

Back to Top
CIM LOGO