
Zanter Méint ass eng méi lass um ausgewielten Terrain tëscht Suessem an Esch, wou neierdéngs gréisser Halen opgeriicht ginn. Bis Enn Oktober d’nächst Joer solle sämtlech Hale stoen. Am Januar 2025 da sollen déi lescht Installatioune kommen an et rechent een domat, dass de belsche Produzent fir landwirtschaftlech Maschinnen am drëtte Quartal um neie Standuert mat enger Fläch vu 15.800 Meterkaree op enger 6,2 Hektar groussen Terrain kann a Betrib goen.
U sech sollt Joskin schonn 2023 hei am Land lancéiert sinn, ma et koum zu Retarden, well den Terrain op zwou Gemenge läit. Deemno waren och duebel esou vill Demarchen noutwenneg bei de Baugeneemegungen an et konnt eréischt am Dezember 2023 ugefaange gi mam Bau vum Projet, bal ee Joer méi spéit wéi virgesinn.
De Projet läit bei engem Käschtepunkt vu bal 22 Milliounen Euro, ass awer eng entscheedend Investitioun fir de Grupp, deen den Ament 5 aner Standuerter an der Belsch, a Frankräich an a Polen huet. Néierens anescht an Europa hätt een esou ee Site fonnt, wéi deen tëscht Suessem an Esch. Ëmmerhi beliwwert Joskin Clienten an iwwer 60 Länner.
Wat wäert Joskin do genee maachen?
Den neie Standuert hei am Land ass just en Deel vun enger Rei Projeten. Um alen Twinerg-Site wäerte speziell Unitéiten entstoen, fir d’Produktioun vu standardiséierte Modeller virunzedreiwen, an der Haaptsaach gëtt sech awer op den Zesummebau vu groussen, sougenannte Muldekippere konzentréiert. Et handelt sech ëm Unhänger, déi an engem Stéck zesummegeschweesst ginn. Och Streeween sollen dono hei gebaut ginn. Ausgeluecht ass de Betrib op d’Produktioun vun ongeféier 20 esou Unhänger pro Woch.
Och nei Aarbechtsplaze wäerten duerch de Site entstoen. Et rechent een domat, dass bis zu 100 Leit kënnen agestallt ginn, wann d’Produktioun bis richteg leeft. Haaptsächlech wäerte Monteuren a Schweesser gesicht ginn.
Wirtschaftsministère confirméiert: Belsche Produzent Joskin kënnt op Lëtzebuerg