Europäesche GeriichtshaffDe Raphaël Meyer gëtt neie Lëtzebuerger Riichter

RTL Lëtzebuerg
De Raphaël Meyer gëtt neie Lëtzebuerger Riichter um Tribunal vun der EU um Kierchbierg. D'Nominatioun gouf e Mëttwoch am Regierungsrot decidéiert.
© RTL Archiv

Am Oktober ersetzt de Jurist den Dean Spielmann, deen zanter 2016 Riichter a President vun der éischter Chamber um Europäesche Geriichtshaff ass.

D’Nominatioun vum Raphaël Meyer gëtt elo der Vertrieder-Konferenz vun den EU-Memberlänner matgedeelt. Bis ewell war den neie Lëtzebuerger Riichter Conseiller am juristesche Service vum EU-Conseil.

Liest hei d'Schreiwes vun der Regierung

Back to Top
CIM LOGO