Stater GeschäftsmannDe Rolphe Reding ass dout

RTL Lëtzebuerg
De Stater Geschäftsmann a Promoteur Rolphe Reding ass 7 Deeg no sengem Gebuertsdag am Alter vun 83 Joer verscheet.

Ënner anerem hat de Promoteur d’Chambre Immobilière matgegrënnt a war zanter Ugangs den 1990er Joren ee vun de Proprietäre vum Alfa Hotel op der Stater Gare, engem prestigiéise Bau aus den 30er Joren. Den Hotel hat am Joer 2017 seng Dieren zougemaach a soll Enn vun dësem Joer ënner neier Gerance nees opgoen.

De Rolphe Reding war a senger laanger Karriär ënner anerem och wärend engem Mandat President vum Wirtschafts- a Sozialrot. 1989 huet hien d’Presidence un de Romain Schintgen ofginn.

Back to Top
CIM LOGO