Lëtzebuerger Business-AngelDe Romain Hoffmann huet Suen an 19 Start-uppen investéiert

RTL Lëtzebuerg
A Start-uppen investéieren a jonk engagéiert Entrepreneuren ënnerstëtzen. Dat maachen déi sougenannt "Business Angels". Ee vun hinnen hu mir begleet.
Investéieren a Start-uppen
A Start-ups investéieren a jonk engagéiert Entrepreneuren ënnerstëtzen. Dat maachen déi sougenannt “Business Angels”. Ee vun hinnen hu mir begleet.

Seng Suen, déi een op der Säit huet, net einfach just um Spuerkont stoe loossen, mee se schaffe loossen. Vill Leit iwwerleeën dacks Mol, wat se mat hirem Erspuerte maache kënnen. D’Zënsen op der Bank si net méi dat, wat se waren. Aktien a Fonge sinn ëmmer eng Optioun, genee och sou wéi seng Suen a Steen ze investéieren. Mee och do ass zanter annerhallwem Joer hei zu Lëtzebuerg eng Blos um Platzen. Sou sicht een elo nei Weeër. Ma eppes, wat et och scho méi laang gëtt, mee wou éischter an der Business-Welt bekannt ass, ass et, “Business Angel” ze ginn.

Investéieren an eng Start-up – dat mécht e Business Angel. Ganz dacks komme Business Angels aus der Welt vun der Wirtschaft an de Finanzen, sinn entweder Top-Manager oder si selwer Entrepreneuren a wëllen hiert Kapital, ma och hiert Wëssen u jonk engagéiert Mënsche weider ginn. An da gëtt et nach de klasseschen Investisseur, dee seng Sue léiwer esou uleet.

Mir hunn de Romain Hoffmann begleet. Hien huet e Portfolio vu 19 Start-uppen, un deenen hie bedeelegt ass. Fir hien ass et wichteg, Jonker ze motivéieren an ze ënnerstëtzen, déi eng Iddi hunn an déi dann de Courage hunn, déi och ëmzesetzen.

Eng Adress, wou nëtzlech ass, wann ee Business Angel well ginn, ass d’LBAN, d’"Luxembourg Business Angels Netzwierk”. Hei kann ee Kontakter mat aneren Investisseure knäppen, ma et kritt een awer och Accès op Pitch-Events. Dat sinn Evenementer, wou e Fondateur seng Entreprise kuerz ka virstellen a sou hoffentlech Leit fënnt, déi a seng Iddi wëllen investéieren.

11 där Pitch-Events gi pro Joer vum LBAN organiséiert, wou ëmmer eng 5-10 preselektionéiert Start-uppen aus Lëtzebuerg oder dem Ausland hiert Businesskonzept kënne virstellen, fir esou hoffentlech de néidege Budget ze kréien an hir Entreprise weiderzedreiwen. Well virun allem d’Corona-Krise, ma och déi ekonomesch Auswierkunge vum Krich hätten et de Start-uppen net méi einfach gemaach an de leschte Joren.

En anerer Problem wier awer deen: Lëtzebuerg géing sech gären als Start-up-Natioun hei am Land, ma och am Ausland verkafen. Bei der LBAN géing een et awer bedaueren, dass ee géigeniwwer eisen Noperen an der Steierpolitik géing hannendrun hänken. Stock-Options, also d’Méiglechkeet, dass Mataarbechter Aktien zu engem spéideren Zäitpunkt zu engem virdru festgeluechte Präis kënne kafen, gëtt hei am Land wéi eng Spekulatioun gewäert an et muss een herno héich Steieren drop bezuelen. Dat mécht et schwéier, kompetent Mataarbechter ze fannen.

An anere Länner wier dat hautdesdaags schonn anescht gereegelt an dowéinst géing ee sech als jonken Entrepreneur dann och decidéieren, net mat hirer Start-up op Lëtzebuerg ze kommen. Bei der LBAN hofft een elo op Gehéier, well Business Angels ginn et der genuch, déi prett sinn, hir Suen an hir Kenntnisser ze investéieren.

Back to Top
CIM LOGO