De Schengener Schäfferot hat am Mee 2023 decidéiert, d’Kontrakter mam Architektebüro “Valentiny hvp architects” fir de grousse Projet vun enger Zentralschoul zu Rëmerschen ze kënnegen. Déi Annonce gëtt deemools am Gemengerot gemaach. Och déi Sëtzung ass ëffentlech. Et ass Press am Sall - ëmmerhi geet et ëm de Büro vun engem renomméierten Architekt, deen sëllege Projete mat der Gemeng fir d’Gemeng realiséiert huet. De François Valentiny ass gebiertege Rëmerschener.
Grond fir d’Kontakter opzeléisen, waren dem Schäfferot no Meenungsverschiddenheeten an e schlecht Aarbechtsklima. Wéinst deenen Aussoe gesäit den Architekt säin an de Ruff vu sengen Associéeë geschiedegt. Hie geet dovun aus, dass de Schäfferot d’Press op d’Plaz geruff huet, fir virun de Wale Profit aus deem méigleche Skandal ze zéien. Hie reprochéiert dem Buergermeeschter vu Schengen Michel Gloden an de Schäffen Tom Weber an Jean-Paul Muller Diffamatioun an hëlt se op d’Geriicht. 5 Prozessdeeg méi spéit ass d’Urteel kloer. Si si fräigesprach. Den Affekot Me Philippe Penning.
“Et ass den Här Valentiny, deen déi ganz Affär opgebauscht huet an e bëssen eng “Probéierches” hei um Geriicht gemaach huet. Mir sinn ëmmer confiant gewiescht, dass d’Geriicht där dote Klo net géif Recht ginn. Et kann dat jo och net maachen. Déi Debaten iwwer e Kontrakt musse jo an enger ëffentlecher Sëtzung an der Gemeng diskutéiert ginn. A wann ee riskéiert, fir dat, wat een do seet, direkt viru Geriicht zitéiert ze ginn - mat enger Citation directe, wou ee Prisong riskéiert - dat kann et jo net sinn. D’Geriicht huet dat verstanen an dat ass och de Message, dee soll no bausse goen: dass d’Leit an de Gemengen net brauchen ze fäerten, hiren Job ze maachen, dee se gréisstendeels och nach fir näischt niewebäi maachen.”
Am Fall vun enger véierter Persoun – e Gemengeningenieur – déi wéinst Diffamatioun an Interessekonflikt vun der Säit vum Architekt beschëllegt gi war, gouf d’Plainte als net recevabel jugéiert. D’Me Nora Dupont:
“Sou Uschëllegungen ewéi eng Prise illégale d’intérèt - déi trotz Subtilitéiten am Droit dobaussen awer gäre bal wéi eng Korruptioun verstane gëtt - si schwéier Accusatiounen. Dofir gëtt et net fir näischt e Parquet, dee sech iwwerleet, ob en sou Saachen op de Fong geet. Mir si frou, dass déi Protektioun vum Fonctionnaire hei gegraff huet.”
E bemol wär héchstens, dass een elo keng Pièce huet, déi d’Onschold vun hirem Mandant och schwaarz op wäiss beleeë géing, erkläert d’Affekotin. D’Säit vum Architektebüro huet elo 40 Deeg Zäit an Appell ze goen.