Stater GemengerotDe Service "à vos côtés" vun Interactions kritt 4 zousätzlech Leit bäi

Claudia Kollwelter
Eng entspriechend Konventioun gouf um Méindeg de Mëtteg unanime am Stater Gemengerot ugeholl.

Am Dezember 2020 gouf de Projet lancéiert an huet sech an de leschte Joer vum Garer Quartier weider och op Bouneweg an d’Uewerstad ausgebaut an huet 22 Mataarbechter gezielt. 4 zousätzlecher komme wéi gesot an Zukunft bäi, dat virun allem fir an de fréie Moiesstonne scho méi Presenz um Terrain ze weisen.

Ënnert anerem sollen d’Leit, déi an den Agäng vu Butteker leien, vun de Mataarbechter vun “A vos côtés” erwächt a gefrot ginn, op eng aner Plaz ze goen. An deem Kontext gouf am Stater Conseil awer och betount, datt d’Offer an de fréie Moiesstonnen net terribel wier. De Service Parachute op der Stater Gare soll dofir an Zukunft eng Stonn éischter opgoen. Datt d’Raimlechkeeten net grouss genuch wieren, wier ee sech bewosst, an et géif och no Alternative gesicht ginn.

E weidere Projet, deen am Gemengerot ugeholl gouf, ass en Haus zu Hamm, an deem Sans-Abrise mat psychologesche Problemer kënne liewen a medezinesch suivéiert ginn.

Méi genee wäerten 8 Better disponibel sinn. D’Raimlechkeeten an d’socio-edukatiivt Personal gëtt vun der Stad Lëtzebuerg finanzéiert, dat medezinescht Personal vum Santésministère. Déi 8 Leit, déi hei wunnen an encadréiert ginn, sollen op dee Wee stabiliséiert ginn an e Liewensprojet opbauen an esou vun der Strooss erofkommen.

Et gëtt iwwerdeems geschat, datt aktuell ronn 60 Leit, déi an der Stad op der Strooss liewen, psychologesch Problemer hunn.

Zu Bouneweg sollen 67 Iwwerwaachungskameraen installéiert ginn

D’Videosurveillance, déi et jo schonn op ënnerschiddleche Plazen an der Stad Lëtzebuerg gëtt, soll deemno erweidert ginn. En entspriechenden Avis gouf e Méindeg de Mëtteg um Stater Gemengerot ugeholl, awer nach laang net vun all de Parteie begréisst. De Francois Benoy vun déi Gréng huet zum Beispill betount, datt et e kloert Spannungsverhältnis tëscht Sécherheet, Privatsphär a Grondrechter wier. D’Kamerae géifen net zu den Ziler féieren, déi ee sech gesat huet a géifen e falscht Gefill vu Sécherheet vermëttelen an d’Problemer just verlageren. Dem Gabriel Boisante vun der LSAP no géif d’Kamera-Iwwerwaachung näischt bréngen a Punkto Sécherheet. Chifferen aus dem Ausland géifen dat och beleeën.

Déi 67 Kamerae sollen am ieweschten Deel vu Bouneweg opgehaange ginn. D’Stater Buergermeeschtesch huet awer schonn annoncéiert, datt een d’Videosurveillance och nach am ëstlechen Deel vu Bouneweg erweidere wéilt.
D’Extensioun zu Bouneweg ass déi éischt déi vun der Stad Lëtzebuerg finanzéiert gëtt a wäert 2,3 Milliounen Euro kaschten.

Back to Top
CIM LOGO