
En Dënschdeg ass “Aides.lu” online gaangen. Domadder kann ee sech ausrechne loossen, wéi vill d’Erspuernesser duerch d’Logementshëllefen beim Kaf vun enger Immobilie ausmaachen. Den neie Site adresséiert sech an éischter Linn u Jonker, déi eng éischte Kéier eng Wunneng kafen. Ma och Investisseure fannen hei Informatiounen.