Nei Direktioun bei der HorescaDe Steve Martellini gëtt neie Generalsekretär

RTL Lëtzebuerg
D'Horesca gëtt sech mam Steve Martellini en neie Generalsekretär - ee Posten, deen de François Koepp no 15 Joer opgëtt, fir sengersäits Direkter ze ginn.
François Koepp, Alain Rix a Steve Martellini
François Koepp, Alain Rix a Steve Martellini
© brain&more

De François Koepp bleift an enger Transitiounsphas bis zum Enn vum Joer bei der Horesca, fir sech dann neie familiären Erausfuerderungen ze stellen. Sou huet et e Méindeg op der Generalversammlung vun der Federatioun vun den Hotelieren, Restaurateuren a Cafetiere geheescht, wou vu sëllegen Defie fir d’Branche Rieds goung.

De Steve Martellini, deen 2 Restauranten am Éislek geréiert, war bis ewell Vizepresident vun der Horesca.

Soss am Büro vun der Horesca sinn nieft dem President Alain Rix, dem François Koepp an dem Steve Martellini nach de Claude Ries, d’Anne Brandenburger an den Dave Giannandrea.

Den neien Horesca-Generalsekretär ass iwwerdeems en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun um Radio, iwwerdeem de Wirtschaftsminister Lex Delles e Méindeg den Owend Live-Invité um Plateau vun RTL Télé Lëtzebuerg ass.

Back to Top
CIM LOGO