
Et war eng knapp Ukënnegung. De Ju Zhaohui, permanente Member vum Comité vun der chineesescher Kommunistescher Partei vun der Provënz Hubei kënnt op Aarbechtsvisitt op Lëtzebuerg. Ween um Internet sicht, ëm wien et sech beim Här Zhaohui handelt, kënnt an deenen hei am Land geleefege Sproochen net wäit.
De Chamberpresident Claude Wiseler gëtt no der Reunioun en Dënschdeg awer Erklärungen. De Ju Zhaohui ass Vizeminister vun der Provënz Hubei. Dës läit an Zentralchina. Wuhan, d’Haaptstad, seet méiglecherweis vum Numm hier scho méi Mënschen eppes. Mat 58 Milliounen Awunner läit Hubei op der 9 Plaz vun den insgesamt 23 chineesesche Provënzen.
“Fir eis ass et wichteg, dass mer net nëmme Kontakt mat Peking oder Shanghai hunn. Mä dass mer och kucken, mat deene grousse chineesesche Provënze Kontakt ze hunn”, erkläert de Claude Wiseler. Op ekonomeschem Niveau géing nämlech villes mat de Provënzen ausgehandelt ginn. En neien Ament wier, dass China sech am Juli, wou den Zentralcomité vun der Kommunistescher Partei zesummekomm ass, eng Rei nei ekonomesch Orientéierunge ginn hätt. Ënner anerem wat déi gréng Finanze betrëfft. Natierlech misst een elo kucken, wat dovunner Realitéit géing ginn.
Ma d’Provënz Hubei wier fir Lëtzebuerg aus verschiddene Grënn interessant. Zum Beispill ginn et hei am Land eng Rei chineesesch Banken. “Si hu sech ganz staark fir déi gréng Finanzen interesséiert”, betount de Chamberpresident. Och d’Bourse wieren d’Visiteure kucke gewiescht. Doriwwer eraus hätt Hubei ee vun de gréisste Logistiksecteuren a China. E Volet, deen och fir Lëtzebuerg duerch seng zentral Lag an der Europäescher Unioun eng grouss Roll spillt. Weider Kooperatioune wieren denkbar um Niveau vun der Recherche. An der Provënz ginn et eng 125 Unie mat iwwer 1 Millioun Studenten. An och dräi grouss national Rechenzentren.
D’ekonomescht Potential wier do, an dofir wier et wichteg, d’Leit ze gesinn an a Kontakt ze kommen, ënnersträicht de Claude Wiseler. Ma d’Chamber kéint keng Accorden agoen, dofir géing et sech bei esou Treffe just ëm Echangen handelen. Kloer wier awer, dass China wéilt d’Méiglechkeete vun der Kollaboratioun “en Matière de finances” kucken. Doriwwer eraus wier och iwwert d’Méiglechkeete fir den Tourismus geschwat ginn.
Dorop ugeschwat, wéi déi verschidde Länner vun der Europäescher Unioun China sollen upaken, sot de Claude Wiseler, et hätt een dem Partner déi eege Bedenke kloer geäussert. Och Mënscherechtsfroe wieren ugeschwat ginn. “Mir wëssen, dass China e Partner op där enger Säit ass, mä och e systemesche Rival op där anerer. Mir gesinn och, dass China probéiert, an traditionell Partnerlänner vun der Europäescher Unioun eranzekommen an do Fouss ze faassen”, sou de Chamberpresident. Déi Europäesch Unioun misst sech hei hir Strategie ausdenken, fir hir Relatioun mat deene concernéierte Länner ze stabiliséieren an auszebauen. Dat wier zwar net ëmmer einfach, mä an den nächste 5, 10, 15 Joer en Zentrum vun der europäescher Diplomatie an der europäescher Entwécklung.