Am Forum ginn déi Leit agestallt, déi am Chômage waren, an op der ADEM gemellt sinn. Si schaffen do als “Salarié d’Insertion” a kënnen zwee Joer am Forum schaffen, wou se vun engem Conseiller vun der ADEM begleet a vum Strukturpersonal encadréiert ginn. Déi ronn 120 Leit vum Strukturpersonal si fest agestallt am Forum a begleeden d’Salariéen op hirem Wee.
D’Zil dovun ass, dass si de Wee zréck op de regulären Aarbechtsmarché fannen, nodeems si hir Plaz verluer haten. Dat kann aus diverse Grënn sinn, ënnert anerem wéinst der Sprooch, dem Gesondheetszoustand, der Flexibilitéit, dem Alter, an der Mobilitéit vun de Leit.
Beim Cristina Da Rocha war et d’Krankheet, duerch déi si am Chômage war. No hirer Kriibsdiagnos huet si hir fréier Plaz verluer, an ass elo am Forum an der Zär. “Moi j’aime ce que je fais”, seet si, well doheem hätt si och e Gaart a wier gär an der Natur.
Beim Khadija Hilal war et den Alter. Duerch d’Pandemie huet si hir Aarbechtsplaz am Horeca-Secteur verluer, an huet mat 59 Joer keng Plaz méi kritt. Am Forum këmmert si sech ëm d’Champignonsproduktioun. “Dofir sinn ech frou, hei am Forum kënnen ze schaffen”, seet si.
Deemno wat hir Interesse sinn, kënnen d’Salariéen am Forum an ee vu fënnef verschiddene Servicer orientéiert ginn. Am “PMH” gi se op den Horeca-Secteur preparéiert. Beim “Service au citoyen” gi se bei de Client, fir deenen zum Beispill d’Gaardenaarbecht ze maachen. Nieft der “Haushëllef”, wou de Clienten hir Wäsch gemaach gëtt, gëtt et nach de “Bummelbus”, deen nom System vum Ruffbus funktionéiert. De fënnefte Service ass “Am Gäertchen”.
“Am Gäertche” gëtt allerlee Bio-Uebst a Geméis produzéiert. Si hu Sitten zu Baastenduerf, Housen an Näidsen, a baue Fräilandgeméis, Uebst, brong Champignons de Paris a Blummen un. Op ronn 15 Hektar ass d’Produktioun grouss, an déi gëtt och vun hinne verkaf. De Gäertche verkeeft seng Wuer zweemol d’Woch op engem Frëschmaart zu Dikrech an Ettelbréck, mat Abo-Këschten, der Provençale, an an hirem Buttek zu Housen. An deem ënnerstëtze si och aner lokal Produzenten.
Nieft hirer frëscher Wuer verkafe si hir eege verschaffte Produiten. Dat gëtt mat der Wuer gemaach, déi net méi esou schéin ass, ma dann awer nom Prinzip vun Antigaspi verwäert gëtt. Esou produzéiert de Gäertchen ënner anerem Zooss, Gebeess, a Kompott.
“Am Gäertchen” ginn et also e puer Beräicher, an deenen d’Salariée kënne schaffen. Si kënnen um Feld oder an der Zär aktiv sinn, oder an der Wäschstrooss fir d’Geméis ze botzen, oder der Akach-Kichen, wou d’Wuer verschafft gëtt.
Vun Ufank u war et d’Zil vum Gäertchen, fir Bio-Uebst a Geméis ze produzéieren. Donieft ass hire Fokus och, fir d’Natur ze ënnerstëtzen. An hirem Bongert hu si nieft de Beem Stauden a wëll Blumme geplanzt, déi all d’Insektewelt ënnerstëtzen, an d’Bestäubung vun de Beem fërderen. Och leien Äscht um Buedem, fir de Kéiseker en doheem ze bidden, wärend de méi kale Méint, ewéi och en Insektenhotel. Mat dem Engagement vum Gäertche ginn also net nëmmen d’Mënschen ënnerstëtzt, ma och d’Natur an d’Biodiversitéit.
Pro Joer schaffen an der Moyenne 433 Salariéen am Forum, déi op déi fënnef verschidde Servicer verdeelt sinn. Ronn 30% packen et erëm zréck op den Aarbechtsmarché. Wann hinnen dat net geléngt, da kéinte se eventuell ënner bestëmmte Konditiounen zréck an de Forum kommen.