
E Sonndeg den Owend gouf en Automobilist gemellt, deen op der N31 a Schlaangelinnen ënnerwee war an dobäi och an de Géigeverkéier geroden ass. Eng Policepatrull konnt de betraffene Chauffer kuerz Zäit drop untreffen. Den Alkoholtest war positiv.
Géint 19.15 Auer hat et zu Féiz tëscht zwee Autoe gerabbelt. Ee Chauffer huet sech duerch d’Bascht gemaach, konnt awer vun der Police ermëttelt ginn. Och hei war den Alkoholtest positiv ausgefall.
An der Nuecht op e Méindeg hat sech zu Péiteng en Automobilist mat héijer Vitess dovu gemaach, wéi Policebeamten dëse stoppe wollten. E konnt kuerz drop awer gepëtzt ginn.
An alle Fäll krut de Chauffer de Fürerschäin ofgeholl.