Plattform "Improof"Debat ureegen an Inegalitéiten hannerfroen

Diana Hoffmann
"Improof" heescht déi nei Plattform, déi vun der Chambre des Salariés (CSL) lancéiert gouf, mee onofhängeg vun dëser funktionéiert.
© Diana Hoffmann

Zil ass et den ëffentlechen a politeschen Debat unzereegen duerch Reflexiounen iwwer eng méi gerecht, méi sozial an och méi eng durabel Ekonomie. Den online Site www.improof.lu kann op Däitsch an Englesch ofgeruff ginn, an et sinn aacht Artikelen zum Sujet vun der Inegalitéit an der Fiskalitéit ze fannen.

An deenen nächste Wochen a Méint soll d’Varietéit u Sujeten awer méi grouss ginn, erkläert den Direkter vun der CSL, de Sylvain Hoffmann. Besonnesch dee vun der Entwécklung vun den Aarbechtskonditioune soll verdéift ginn. Wéi eng Themen awer konkret behandelt ginn, gëtt vun engem Comité de Coordination, deen aus CSL-Mataarbechter besteet, gekuckt an ausgeschafft. Fir d’Zukunft erhofft ee sech, dass och Table Ronden oder Konferenzen aus den Denkustéiss eraus kéinten entstoen.

Auteure vun den Texter si bis elo zum groussen Deel Mataarbechter vun der CSL, déi awer fräi an hiren Ausféierunge sinn, wéi de Kommunikatiounsbeoptraagten Nermin Plavsic preziséiert. Och extern Leit kënnen un d’CSL eruntrieden, wa si zu engem Sujet wëllen en Artikel schreiwen. An der Reegel kontaktéiert de Comité de Coordination awer d’Leit, fir Bäiträg ze verfaassen.

Den Ekonomist Dylan Theis huet dann dräi vun den éischten Artikelen um Site geschriwwen. Dës dréinen ëm de Sujet vun der Inegalitéit an der Gesellschaft. Hie kënnt zu der Conclusioun, dass hei am Land eng méi héich Besteierung vum Kapital a Verméigen néideg wier, wann ee wierklech wéilt géint d’Ongerechtegkeete virgoen. 50 Prozent vun de Stéit mam niddregste Patrimoine hätten nämlech knapp 10 Prozent vum ganze Patrimoine am Land.

Back to Top
CIM LOGO