Projet Nordstad-FusiounDecisioun vum Bettenduerfer Gemengerot wäert annuléiert ginn

RTL Lëtzebuerg
Dat huet den Inneminister Léon Gloden e Samschdeg de Mëtteg am Background op RTL annoncéiert.

D’Decisioun vum Bettenduerfer Gemengerot, deen net méi wëll weider un der Nordstad-Fusioun deelhuelen, wäert annuléiert ginn. Dat well de Vott geheim ofgehale gouf, wat vum Gesetz net esou virgesinn ass. De Gemengerot wäert deemno nach eemol ofstëmme mussen.

De Bettenduerfer Gemengerot hat Enn September an engem geheime Vott géint d’Weiderféierung vun de Fusiounsgespréicher am Kader vum Projet Nordstad ofgestëmmt.

Back to Top
CIM LOGO