
“Eis Zukunft fänkt haut un, well d’Decisiounen, déi mir haut huelen, d‘Leitplanke fir eist Zesummeliewe vu muer sinn”, esou de Max Hahn en Dënschdeg de Mëtteg bei der Presentatioun vum Rapport vun der Chamber Finanz- a Budgetskommissioun iwwert de Budgetsprojet fir d’nächst Joer. Den DP-Deputéierten huet e Budget mat héije Recetten, mä nach méi héijen Ausgabe verdeedegt. Well a sengen Ae dierf een a Krisenzäiten a bei ongewësse Previsiounen d’Verännerungen, déi d’Krise matsechbréngen, net “iwwert eis ergoe loossen.”
10 Méint virun de Chamberwalen huet de Max Hahn probéiert, d’Gefill ze ginn, et géing een trotz Inflatioun respektiv Energiekris an trotz enger ongewësser Zukunft awer nach Zukunft gestalten. Seng Haaptsuerge wieren de Manktem u Wunnengen an d’Klimakris. E grousst Uleies wier fir hien awer och, wat hie schonn als Invité vun der Redaktioun um Radio sot, datt déi sozial Mesurë bei de Leit ukommen, déi se zegutt hunn. Dofir huet hie recommandéiert, en digitalen Office social ze schafen, wou een all d’Hëllefen an hir Krittären op engem Iwwerbléck hätt. De Max Hahn huet a senger Ried nach emol all d’Mesuren opgezielt, déi wärend der Pandemie an elo op den Tripartitten dëst Joer geholl goufen, fir de Leit an de Betriber ze hëllefen. Elleng fir dëst an nächst Joer géingen d’Mesuren 2,5 Milliarden Euro kaschten. Déi Mesurë wieren eng éischt Hëllef, sou de Budgetsrapporter. Déi bescht Noversuergungsmesurë wieren a sengen Ae d’Investitiounen an d’Zukunft, notamment géint d’Klimakris oder am Logement.
Wann een iwwert Zesummeliewen oder Zesummenhalt schwätzt, da féiert nämlech kee Wee laanscht de Logementsproblem, sou de Max Hahn weider. War den DP-Deputéierte viru 5 Joer nach der Meenung, datt een de Logementsproblem mat der Muert an net mam Bengel misst ugoen, sou huet a senger Ried eng méi interventionistesch Approche verdeedegt. Notamment d’Reforme vun der Grondsteier, mä och déi nei Mobiliséierungssteier, de Remembrement ministériel an de Baulandvertrag. Well d’Aktivitéit am Bausecteur géing riskéieren, zeréckzegoen, misst de Staat souguer nach méi investéieren an hien huet recommandéiert, datt d’Betriber, déi fir hir Aarbechter abordabel Wunnenge bauen, subventionnéiert ginn.
Fir de leschte Budgetsprojet virun de nächste Walen huet de Max Hahn also probéiert, e sozialen Touch a seng Ried eranzebréngen. Kee Wuert awer iwwert eng Steierreform, quitt, datt hien nach am Interview um Dënschdeg de Moien op RTL jo punktuell Mesuren dat nächst Joer net ausgeschloss huet. D’Wuert “Spueren” oder “Spuermesuren” huet de Max Hahn och keng eng Kéier an de Mond geholl. Den DP-Deputéierte sot zwar “jo”, de Budgetsdefizit beim Zentralstaat - ouni Sécurité sociale a Gemengen also - wier mat 2,8 Milliarden Euro d’nächst Joer substantiell. Mä a sengen Ae wier d’Fro net, ob ee sech d’Depensë kéint leeschten, mä ob ee sech kéint leeschten, se net ze maachen?
Wat déi aner Parteie vum Budgetsprojet a vun de Recommandatioune vum Max Hahn halen, héiere mer e Mëttwoch an Donneschdeg an den Debaten an der Chamber. E Mëttwoch de Moien hält awer d’DP-Finanzministesch Yuriko Backes als éischt hiren Exposé zum Budgetsprojet, dee si selwer am Oktober scho presentéiert hat.