
Dat heescht, datt eng Wunneng just ka verlount ginn, wa virdru vun den Autoritéite kontrolléiert gouf, ob gewëss Wunn- an Hygiènes-Krittären erfëllt sinn.
Zu Lëtzebuerg gëtt et dee Modell aktuell net, ma de de franséische “permis de louer” wier derwäert, analyséiert ze ginn. Eng Adaptatioun vun der Legislatioun géing sech imposéieren. Dat äntwert de liberale Logementsminister Claude Meisch dem Deputéierte vun Déi Lénk, David Wagner, dee via parlamentaresch Fro wollt wëssen, ob dës Mesure zu Lëtzebuerg eng Optioun kéint sinn.
Nieft dem “permis de louer” sollen aner Moossname vun engem Aarbechtsgrupp ënnert d’Lupp geholl ginn, schreift de Minister. D’Zil wier et, ze verhënneren, datt Bailleuren abuséieren a Logementer a schlechtem Zoustand verlounen.