Feu Vert am RegierungsrotDeel vum Landwirtschaftsdësch a Kulturentwécklungsplang ëmgesat

RTL Lëtzebuerg
D'Naturschutzgesetz fir de ländleche Raum gëtt nëmmen ee Joer no sengem Vott amendéiert
© AFP Symbolbild

Sou wéi et um Landwirtschaftsdësch festgehale gi war, gëtt de Krees vu Baueren a Wënzer, déi kënnen Subside kréien, méi grouss, wëll d’Definitioun vum “agriculteur actif” präziséiert an erweidert gëtt.
Am Fall, wou e Bauer wëll säi Véibestand erweideren, gëllen och lo nei Maximal-Chifferen, déi an engem Reglement Grand-ducal fixéiert ginn. Béid Texter kruten e Mëttwoch de Feu Vert am Regierungsrot.

Dann gëtt och de Recommandatioune vum Kulturentwécklungsplang Rechnung gedroen: mam Observatoire vun der Kultur gëtt en neie Gremium geschaaft, deen d’Kulturszeen besser analyséiere soll.
En anert Zil vum Kultur-Observatoire ass d’bessert Verstoen an d’Promotioun vun der Kultur an eiser Gesellschaft. Wien an deem Observatoire soll dra sinn, präziséiert d’Schreiwes vun der Regierung net.

Back to Top
CIM LOGO