Bis zu 100 Leit op ManiffDeeler vu serbescher Communautéit mat Protest op der Clairefontainesplaz

RTL Lëtzebuerg
Déi sougenannt Studente-Protester a Serbien géint Korruptioun a fir Transparenz daueren schonn 3 Méint an hunn de Premier Vucevic zum Récktrëtt bruecht.
Deeler vu serbescher Communautéit mat Protest op der Clairefontainesplaz
Déi sougenannt Studente-Protester a Serbien géint Korruptioun a fir Transparenz daueren schonn 3 Méint an hunn de Premier Vucevic zum Récktrëtt bruecht.

Och Deeler vun der serbescher Communautéit zu Lëtzebuerg schléisse sech un.

Op der Clairefontainesplaz koumen eng 80-100 Leit zesummen. 15 Minutte laang hu si un déi 15 Mënsche geduecht, déi den 1. November zejoert an der nordserbescher Stad Novi Sad ëm d’Liewe koumen, wéi en Daach vun enger Gare op si gefall war. Et wier net just Accident, mee Symptom vun engem korrupte System, dee seng Leit schonn ze laang am Stach gelooss huet, bekloen d’Manifestanten.

Back to Top
CIM LOGO