Dréngend parlamentaresch FroDeels wuel keng Explikatioune bei Bréifwal-Courrieren derbäi

RTL Lëtzebuerg
D'Dokument, op deem erkläert gëtt, wéi vill Stëmmen ee ka verginn, a wéi ee richteg wielt, schéint net iwwerall matgeschéckt ginn ze sinn.

De gréngen Deputéierte Meris Sehovic stellt knapp zwou Woche virun den Europawalen, dem Inneminister eng urgent parlamentaresch Fro iwwert d’Bréifwal.

Zanter leschter Woch ginn nämlech d’Courriere mat de Walziedelen am Land verdeelt.

Nieft dem Stëmmziedel an den Enveloppë fir de Retour, ass och déi individuell Convocatioun, an en Dokument mat Explikatioune fir d’Bréifwal richteg zeréckzeschécke mat dran. Dat Dokument, op deem erkläert gëtt, wéi vill Stëmmen ee ka verginn, a wéi ee richteg wielt, schéngt a munche Gemengen awer net Deel vum Envoi ze sinn.

Domadder géife wichteg Informatioune fir muncher Leit feelen, fënnt den Deputéierten, a freet Explikatioune vum Léon Gloden, wéi hien déi Problematik jugéiert. Dësen huet elo maximal eng Woch Zäit, ze äntweren.

PDF: Dréngend parlamentaresch Fro

Back to Top
CIM LOGO