Xavier Bettel reagéiert op d'Causa CaritasDeenen Äermste Suen ewechhuelen, wier eng "Sauerei", déi een "ukatzt"

Diana Hoffmann
Bei dëser Affär géing et net just ëm ëffentlech Lëtzebuerger Gelder a Privat-Done goen, mee och ëm EU-Gelder.

Concernéiert wieren déi Äermste vu Lëtzebuerg an an der Welt, an hie géing do schwéier Wieder fannen, seet den Aussen- a Kooperatiounsminister Xavier Bettel zu der Caritas-Affär um Wee op d’Aarbechtsvisitt a Jordanien.

Och an der Kooperatioun hätt de Staat Projete mat der Caritas lafen. Den Ament géing een nach déi komplett Montanten hei analyséieren. Schliisslech géing et sech net just ëm ëffentlech Lëtzebuerger Gelder a Privat-Doen handelen, mee och em EU-Gelder.

Xavier Bettel: “Ech kann haut net genau soen, wéi et weider geet. Déi Suen, déi do sinn, kann ech net enger anerer ONG soen, lo gëtt äre Projet gestoppt, well ech der Caritas muss Sue ginn. Éischtens ass elo den Etat des lieux ze maachen. Zweetens ginn et Alternativen? Zum Beispill verschidde Projete strecken, wann eppes sollt gebaut ginn. Da kann een sech froen, ob et soll direkt gebaut ginn oder éischter d’nächst Joer. Oder soss alternativ vun aner Prestatairen ugebuede ginn, wann et Servicer sinn. Et ass ze frei fir am Moment kënnen eppes ze soen, mee et ass esou eng Sauerei, deenen äermste Leit Suen ewech ze huelen. Op gutt Lëtzebuergesch, ech soen et net gären, mä et katzt een un.”


Virun 2 Woche war jo bekannt ginn, dass bei der Caritas iwwer 60 Milliounen Euro geklaut gi sinn. D’Panoplie vun de Projeten, bei deene Suen ënnerschlo goufen, geet vun Accueil-Strukture fir Flüchtlinge bis hin zu Kooperatiounsprojeten am Ausland. Antëscht huet sech eng verdächteg Persoun der Police gestallt.

Virwërf vu Fraude a Milliounenhéicht: Presuméierten Detournement vu Fongen an Done bei Caritas Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO