7 Drive-in-Statiounen zougemaachDéi 1. Phas vum "Large Scale Testing" ass op en Enn gaangen

RTL Lëtzebuerg
Zum Schluss elo ass bal déi ganz Capacitéit genotzt gi mat bis zu 16.000 Tester den Dag, sou heescht et vun der Regierung an dem LIH.

Déi zweet Phas fänkt eréischt am September un, mat enger anerer Strategie. Bis dohinner gëtt awer weider getest, mä vun elo u méi geziilt.

7 Drive-In-Statioune ginn elo och zougemaach, kéinten awer wann néideg nees reaktivéiert ginn.

9 Drive-Statiounen wäerten also just nach ophunn:

Et sinn dat:

3 an der Stad: um Bouillon, bei de Rotonden an um Kierchbierg.

Zu Housen

Schieren

Sténgefort

Käerjeng

Fréiseng

an zu Esch beim Rond-Point Raemerech.

Am Osten gëtt et elo keng Teststatioun méi.

PDF Schreiwes LIH

Back to Top
CIM LOGO