De Nicolas Schmit ass zefridde mam Resultat vun den Europawalen. De Spëtzekandidat vun de Sozialdemokraten huet am Interview zu Bréissel zwar nach näischt iwwert méiglech Posteverdeelungen wollte soen, ma op en neits betount, datt eng Koalitioun ouni si net méiglech wier.
All d’demokratesch Parteien wieren fir d’Sozialdemokraten e méigleche Koalitiounspartner, widderhëlt de Nicolas Schmit en Dag no de Walen. Nieft der EVP kéim deemno souwuel déi Liberal wéi déi Gréng a Fro.
Elo misste Léisungen tëscht de Parteie gesicht ginn, fir Divergenzen ze klären. Zum Beispill wéi de Green Deal weider gefouert gëtt. En aneren méi schwieregen Diskussiounspunkt kéinte wuel d’europäesch Investissementer ginn. De Fait dann, datt de rietse Block an der EU gestäerkt gouf, hätt fir de Nicolas Schmit domat ze dinn, datt et e generellen Vertrauensverloscht an d’Politik gëtt an d’Leit Angscht hunn.
“Ech mengen, wann een deen ass, deen d’Sozialdemokratie lo an Europa wärend dräi Méint dobausse representéiert huet a se jo och wëll weider representéieren, da wier dat eigentlech eng zimmlech logesch Konsequenz.” Sou d’Äntwert vum Lëtzebuerger op d’Fro, ob hie Vize-President vun der EU-Kommissioun wéilt ginn.
Den Nicolas Schmit ënnersträicht am Interview, datt seng Partei bereet ass, net just eng Koalitioun mat der EVP an de Liberalen an ze goen, sou wéi dat déi lescht 5 Joer de Fall war. D’Sozialdemokrate wéilten am léifsten och déi Gréng mat u Bord huelen, fir eng breet Front am Europaparlament géint Extrem-Riets.
“Sécher hunn déi Rieds extreem zougeluecht, mee déi absolutt Katastroph, ass net direkt agetrueden. Et ass awer e Signal ginn. Ech mengen, dofir ass et elo wichteg fir déi demokratesch Parteien an och déi proeuropäesch Parteien, fir à la fois dee Message ze verstoen, deen de Wieler ginn huet. An och natierlech dorop hin op Léisungen ze schaffen an Europa op déi grouss Erausfuerderungen ze preparéieren, déi mer elo hunn. An déi si jo net kleng, dat ass souwuel dat Ekonomescht an dat ass och dat Soziaalt. Ons Gesellschaften, déi auserneen driften. All dat si Froen, déi mer elo musse gemeinsam behandelen an och valabel Léisunge fannen. Ech mengen an deem Sënn hu mer d’Méiglechkeet kritt, well et gëtt eng demokratesch Majoritéit an deem Parlament.‘’
Déi nächst Deeg a Wochen gëtt hei zu Bréissel gepokert. Ëm direkt eng hallef Dosen Europäesch Spëtzeposten.
Aus Lëtzebuerger Siicht ass et intressant ze kucken, ob de Spëtzekandidat vum PSE, Nicolas Schmit ee Posten an der Kommissioun kritt oder d’CSV mam Christophe Hansen hiren Usproch drop bäibehält.