
Op Nofro confirméiert de Parquet, dass eng Enquête amgaangen ass an déi néideg Iwwerpréiwunge gemaach solle ginn. En Deel vun den Iwwerpréiwunge wier och schonn ofgeschloss.
Fir déi genee Ursaach vum Accident ze klären, wier och parallel en Expert chargéiert ginn, esou de Parquet. Den Ament wier keng Persoun an Untersuchungshaft.
E Freideg war e Linnebus iwwert e Rond-point gefuer, hat eng Verkéiersinsel ze pake kritt a war e gutt Stéck méi wäit un d’Hale komm, wéi de Bus an e Camion gerannt ass, deen do stationéiert war.
Wéi den Alain Weisgerber vum CGDIS erkläert huet, hätt de CGDIS kuerz virun 11 Auer eng Alerte wéinst engem Accident tëscht engem Bus an engem Camion erakritt. Doropshin hätt een direkt gekuckt, fir déi noosten Ekippen esou séier ewéi méiglech op d’Plaz ze kréien. Den Alain Weisgerber huet weider präziséiert, datt eng 60 Pompjeeën, 15 Gefierer an dräi Rettungshelikopteren op der Plaz waren.
14 Persoune goufe blesséiert, dorënner zwou méi uerg.