No État de la NationDéi Gréng geheie Premier "flagrante Manktem u Respekt" vis-à-vis vu Chamber vir

RTL Lëtzebuerg
Dat schreiwen déi 4 gréng Deputéiert un de Chamberpresident Claude Wiseler.

Déi Gréng vermëssen de Respekt an d’Aart a Weis, wéi d’Ressortministeren d’Chamber nom État de la Nation vum Premier informéiert hunn.

No de sëllegen Annoncen, zum Beispill iwwert d’Weiderféieren vun den Energie-Primmen oder dem Logementspak, goufen et Pressekonferenzen, mee et wier ausser enger Ausnam kee Minister virdrun an eng Chamberkommissioun komm, fir Explikatiounen ze ginn.

Och all parlamentaresch Froen vun deene Gréngen zu dëse Sujeten wieren “en attente”. De Claude Wiseler gëtt gefrot, der Regierung d’Obligatiounen vun Informatioun an Transparenz vis-à-vis vum Parlament nees an Erënnerung ze ruffen.

Back to Top
CIM LOGO