Virowend vun NationalfeierdagDéi ierfgroussherzoglech Koppel op Besuch zu Esch

RTL Lëtzebuerg
Traditionell ass et ëmmer déi ierfgroussherzoglech Koppel, déi an déi zweetgréisste Stad aus dem Land kënnt, fir de Virowend anzelauden.

Schonns um 17 Auer ass et lassgaangen, wou d‘Koppel feierlech empfaange gouf vum Vize-President vun der Chamber, dem Mars di Bartolomeo, der Ministesch fir Gesondheet an der Sécurité sociale, Martine Deprez, dem fréiere Buergermeeschter vun Esch an elo Sports- an Aarbechtsminister Georges Mischo, sou wéi dem haitege Buergermeeschter Christian Weis an dem Schäfferot, wéi och dem Conseil communal.

Ier et awer erofgaangen ass duerch déi längsten Akafsstrooss amm Land, huet d‘ierfgroussherzoglech Koppel Blummen néiergeluecht beim Monument aux Morts virum Resistenzmusée.

Andréck vun der Stëmmung zu Esch
Um Virowend vun Nationalfeierdag waren an der Minettmetropol vill Leit ënnerwee.

Wärend dem Cortège duerch d‘Uelzechtstrooss hu sech de Guillaume, wéi och seng Fra Stéphanie, vill Zäit geholl, fir mat de Bierger a Biergerinnen ze schwätzen a si ze begréissen, ier si op der Stadhausplaz op der Tribün Plaz geholl hunn, fir d‘Presentatioun vun den Escher Veräiner an Associatiounen. Duerno gouf et dann eng feierlech Receptioun am Festsall vun der Escher Gemeng an e Bonjour un d‘Escher an d‘Escherinne vum Balcon aus.

Duerno goung et nach eemol erof, wou si d‘Feier vun de Scouten ugefaangen hunn a sech dunn nees op de Wee gemaach hunn a Richtung Stad.

Déi ierfgroussherzoglech Koppel zu Esch
Um Virowend vun Nationalfeierdag goufen de Guillaume an d’Stéphanie zu Esch ëmfaangen.

© Fabienne Zwally / RTL

Back to Top
CIM LOGO