EuropawalenDéi Lénk ginn de Jonken eng Stëmm

Jeannot Ries
Op hirem Kongress hunn déi Lénk e Sonndeg an der Maison du Peuple zu Esch en vue vun den Europawalen decidéiert, op déi Jonk ze setzen.
Europawalen: Déi Lénk ginn de Jonken eng Stëmm
Op hirem Kongress hunn déi Lénk e Sonndeg an der Maison du Peuple zu Esch en vue vun den Europawalen decidéiert, op déi Jonk ze setzen.

Den Duerchschnëttsalter vun de 6 Kandidate läit bei knapps 30 an en halleft Joer. Bewosst verzicht d’Partei op e Spëtzekandidat.

Thematesch setzen déi Lénk op rout-gréng Visiounen, wou de Mënsch an d’Natur nees an de Mëttelpunkt vum politeschen Handele gesat ginn. Bedauert gouf dat, well et u gudde, lénken Alternative feele géif, déi Rosen an Enttäuscht dacks riets a souguer riets-extreem Parteie wielen.

“Déi lénk Parteien hunn déi historesch Flicht, de Spiiss ëmzedréinen, andeems se Fundamenter vun engem Europa schaaft, dat op Gläichheet, sozialer Gerechtegkeet, Ëmweltschutz a Solidaritéit baséiert. Aarbechtsrecht, Gesondheet, Educatioun, en Daach iwwert dem Kapp, Gesondheet, gesond an nohalteg Ernärung, Ëmweltschutz gehéiere fir eis zu deenen elementaarste Bedierfnesser. An déi sinn net verhandelbar”, sou d’Ana Correia Da Veiga.

Dat soziaalt Europa, vun deem sou dacks geschwat gëtt, géif net existéieren.

Déi Lénk fuerderen eng EU, an där d’Interesse vun der schaffender Bevëlkerung vertruede sinn an net just déi vun de Konzerner. Klimaschutz dierft kee Luxus sinn. Déi Lénk fuerderen en Enn vun der Europäescher Fräihandelspolitik. E Retour zu klenge Bauerebetriber, déi a Respekt mat Natur an Déiere schaffen.

Wat d’europäesch Aussepolitik ubelaangt, sou setzt d’Partei op Diplomatie viru Waffen.

“Mir stinn hannert dem Droit d’asile, dem Flüchtlingsstatut an dem Regroupement familial. A mir si géint d’Accorde vun Dublin, fir eng méi sozial Verdeelung vun de Flüchtlingen an Europa. Mir sinn ausserdeem dofir, Immigratioun ze regulariséieren a legal méiglech ze maachen a Leit, déi sans papier, déi sechs Méint an Europa scho residéieren, ze legaliséieren”, erkläert d’Tania Mousel.

Mat Bléck op déi national Politik war ënner anerem d’Heescheverbuet en Thema. Hei géif net d’Aarmut, ma déi Aarm bekämpft. Déi Lénk gesi mat der neier CSV-DP-Regierung nach vill Aarbecht op sech duer kommen.

D’Kandidate sinn: d’Ana Correia da Veiga (41 Joer), den André Marques (28), d’Anastasia Iampolskaia (25), de Ben Muller (26); d’Tania Mousel (34) an den Alija Suljic (28).

Back to Top
CIM LOGO