
“Et ass vun enger Absurditéit sonn a gläichen, dass eng Famill doheem méi fir de Stroum bezilt, well se owes nom Iessen hir Spullmaschinn lafe léisst, wärend virun der Dier eng Luxair-Reklamm d’Strooss beliicht.” Dat schreiwen déi Lénk an engem Communiqué zu den neie Stroumtariffer, déi vum 1. Januar u wäerte gëllen. Si schwätze vun Intransparenz a Bedenken.
Déi Lénk erënneren drun, datt d’Stéit zu Lëtzebuerg nëmme ronn 15% vum gesamte Stroum verbrauchen an 80% vun der Industrie, Commercen a Bürosgebaier verbraucht ginn. Amplaz d’Leit dozou ze incitéieren, manner Stroum um Feierowend ze verbrauchen, kéinten an hiren Aen zum Beispill d’Beliichtunge vu Vitrinne vu Butteker ausgeschalt ginn.
D’Partei géif ënnerschiddlechen Tarifikatioune vum Elektresch net vu vir era skeptesch géigeniwwer stoen a fuerdert scho méi laang gestaffelt Präisser um Waasser an op der Energie.