Blo ZongDéi lescht Woch gouf bei weideren 166 Déieren d'Kränkt festgestallt

RTL Lëtzebuerg
Domat klëmmt d'Zuel vun de positiven Tester op 658. Dat deelt d'Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung mat.

Zënter dem éischten August gouf de Virus zu Lëtzebuerg bei 514 Ranner, 136 Schof an 8 Geesse constatéiert. 313 Betriber ware bis ewell betraff.

Am Verglach zum August 2023 gëtt eng erhéicht Mortalitéit festgestallt: Bei Ranner, awer virun allem bei Schof a Geessen.

Zënter dem Lancement vun der Impfcampagne den 9. August goufen 240.000 Dosisse geliwwert a 70.000 dovunner verdeelt.

Back to Top
CIM LOGO