Déi national Politik ka sech net hannert Bréissel verstoppen. Dat sot de Chamberpresident Claude Wiseler am RTL-Interview. Do goung et ëm d’Roll vun den nationale Parlamenter an EU-Affären.
Op Invitatioun vum Däitsche Veräin zu Lëtzebuerg an dem Büro vum Europäesche Parlament hei am Land hat de Chamberpresident um Méindeg den Owend e Virtrag iwwer dee Sujet gehalen.
Am Interview am Virfeld vun deem Optrëtt äntwert de Claude Wiseler och op d’Fro, ob déi national Parlamenter senger Meenung no an der EU genuch Méiglechkeeten hunn, e Wiertche matzeschwätzen?

Den 9. Juni gëtt en neit Europaparlament gewielt an dann dréint och nees d’Karussell vun den héijen EU-Posten. Wéi wichteg sinn esou Poste fir e Land? Och dorop äntwert de Claude Wiseler. Als Chamberpresident wëll hie sech awer net an d’Diskussioun ronderëm säin CSV-Parteikolleeg Christophe Hansen an den LSAP-Politiker Nicolas Schmit wéinst dem Poste vum EU-Kommissär amëschen.