
Bei Fäll, an deenen hei am Land Leit ouni judiciaire Virgeschicht eng éischte Kéier viru Gericht verurteelt ginn, do si manner Lëtzebuerger betraff wéi Auslänner. Déi Impressioun kéint een hunn op Grond vu Chifferen, déi d’Justizministesch Elisabeth Margue op eng parlamentaresch Fro gëtt vum Deputéierte Marc Baum vun déi Lénk. Déi Chiffere mussen awer an hire Kontext gesat an deemno relativéiert ginn. Dat seet och den Direkter vun der Prisongsverwaltung Serge Legil.
D’Zuele-Material muss ee mat Virsiicht ugoen.
“Éischtens handelt et sech just ëm Chiffere vu Leit, déi eng éischt Condamnatioun hunn. Dat heescht et si keng Recidivisten. Zweetens handelt et sech domadder automatesch och ëm Leit, déi condamnéiert sinn, a keng Prévenuen. Dat heescht, et ass just ee klengen Deel vun der Population carcérale. Dat heescht manner wéi d’Hallschent. Eis ganz Population carcérale ass schonn net immens grouss. Deen Echantillon statistique, dee mir hei nach iwwereg hunn, dee muss ee mat gréisster Virsiicht consideréieren. Dat seet net alles aus.”
Dobäi kënnt, dass et fir ee klengt Land wéi Lëtzebuerg mat senge ville Grenzen eng spezifesch Situatioun ass.
“Dat heescht, e kleng Land, dat zentral läit, an, dat ass den zweete Critère, dat vill Transit huet. En plus kënnt zu Lëtzebuerg derbäi, dass mir scho sou wéi sou schonn ee groussen Taux vu Population non-luxembourgeoise hunn. An da kommen nach d’Frontalieren dobäi. Dat heescht daagsiwwer si mer zu wäit iwwer d’Hallschent Auslänner. Déi Chiffere sinn éischtens ee ganz klengen Echantillon just, mat den Onsécherheeten, déi da mat sech bréngt, an zweetens reflektéieren se eigentlech déi normal Populatioun hei am Land.”
Wann et och Ecarten an de Chiffere gëtt, wiere se bei dëse klengen Zuelen dach awer esou geréng, dass een net kann all ze vill eraus liesen, esou den Direkter vun der Prisongsverwaltung.
Zum Beispill kéint een net pauschal soen dass d’Lëtzebuerger manner schwéier kriminell handelen.
”... ech wéilt do net onbedéngt eng Relatioun hierstellen... ausser vläicht effektiv wat ass, wann Dir dorobber uspillt, déi grouss al Lëtzebuerger Kriminalitéit mat Nimm, déi ee fréier gutt kannt huet aus verschidde groussen Affären, där hu mer keng méi, déi Leit sinn entweder gestuerwen oder se sinn net méi am Prisong.”
Dass een an Untersuchungshaft eng méi grouss Proportioun un Auslänner huet, läit zu engem gudden Deel drun, dass Leit ouni Residenz hei am Land guer net provisoresch op fräie Fouss kënne kommen an also an Untersuchungshaft muss gehale ginn.