Zu Lëtzebuerg ginn et 250 Wënzer, déi sech ronn 1.250 Hektar deelen. Déi äiseg Temperaturen ugangs der Woch elo, ware Gëft fir d’Wënzer an hir Riewen.
Jee no Laach vun de Riewe läit den Ausfall un Drauwe bei 100 Prozent. D’Regioun Mäertert, Waasserbëlleg an ënnert anerem Gréiwemaacher ass am schrooste betraff. Elo kommen d’Assurancen an d’Spill.