
Geschitt war den Accident e Mëttwoch den Owend eppes no 21.15 Auer vum Hareler Potto an Direktioun Béiwen. De CGDIS hat gemellt, dass de Motocyclist gefall wier. Wéi d’Police präziséiert, krut hien e Réikitz ze paken an ass dono nach mat engem Bam kollidéiert.
Fir de Mann vun 61 Joer sollt all Hëllef ze spéit kommen, d’Rettungsekippe konnte just nach den Doud feststellen.
D’Streck war wärend de Rettungsaarbechte komplett fir den Trafic gespaart.