N23 tëscht Hueschtert an OsperDéidlechen Accident - fir Fra vun 81 Joer koum all Hëllef ze spéit

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg am Nomëtteg gouf et op der N23 tëscht Hueschtert an Osper ee schroen Accident mat engem Blesséierten an engem Doudesaffer.
© Domingos Oliveira / RTL

Den Accident ass géint 15.30 Auer geschitt, just een Auto war am Coup. Wéi d’Police e Méindeg den Owend mellt, ass de Won, deen aus der Richtung vun Hueschtert koum, aus nach ongekläerter Ursaach vun der Strooss ofkomm an ass frontal an ee Bam gerannt. Fir d’Bäifuererin, eng 81 Joer al Fra aus dem Weste vum Land, koum all Hëllef ze spéit.

De Chauffeur gouf mat engem Helikopter vun der Air Rescue an d’Spidol geflunn. Op der Plaz waren ausserdeem zwou Ambulanzen aus Réiden, ee SAMU an d’Secouriste vun Ell a Réiden.

De Moss- an Erkennungsdéngscht vun der Police war op Uerder vum Parquet do an et gouf eng Autopsie an Optrag ginn. Wéinst den Ermëttlungsaarbechte war d’Streck fir e puer Stonne gespaart.

Back to Top
CIM LOGO